
Informations pratiques
- Dates
Jeu. 18.03 · 18:00
- Type
Conférence
- Public
Tout public
- Langues
LU
- Durée
1h30
- Tarif
Gratuit
- Lieu
Lëtzebuerg City Museum
- 14, rue du Saint-Esprit
- L-1475 Luxembourg
1123 gëtt fir d’éischt Kéier an der Geschicht vun eiser Géigend e „Grof vu Lëtzebuerg“ erwäänt. All seng Virgänger hate sech just „Grof“ genannt. D’Grofschaft Lëtzebuerg ass eng vu villen neie Grofschaften, déi ëm 1100 am Weste vum Réimesch-Däitsche Räich optauchen. Hir Nimm bestinn haut nach: Hainaut, Brabant, Namur, Lorraine, Léck... a Lëtzebuerg als Staatsnumm.
D’Joren tëschent 1075 an 1125 sinn effektiv eng Zäit vu grousse Krisen am Däitsche Räich, mee och vu Wandel an Neierungen. Am Konflikt géint de Poopst fir d’Herrschaft iwwer Kierch a Welt verléiert de Keeser Muecht a Prestige a muss de Fürsten d’Initiativ fir Verhandlungen a Fridden iwwerloossen. D’Fürste behaapte sech géint d’Monarchie a bauen hir eegen Territorien op, andeems se hir Interessie verdeedegen. Sou entsteet eng Dynamik, déi bis haut nowierkt.
Séance(s)
Jeu. 18.03
18:00 – 19:30
LU
Consultez les dates et disponibilités sur notre billetterie.
RéserverNewsletter
Les prochaines activités annoncées dans votre boîte mail.

